A Richtung vun engem elektronesch Gesondheetsdossier vun der nächster Generatioun

Presseartikel

An engem Artikel am Semper Magasinn, huet de Ian Tewes, d'Konzept vum elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé – DSP) vun der nächster Generatioun opgegraff

Homme qui lit magazine

Den Artikel, deen am Juni 2024 publizéiert gouf, resüméiert eng Diskussiounsronn iwwer d'Digitaliséierung vum Medikamentendossier, un der eise Generaldirekter, souwéi Vertrieder vun Apdikterverbänn an d‘Division Pharmacie et Médicaments vun der Direction de la Santé, deelgeholl hunn.

 

Den Här Tewes betount wéi wichteg d’elektronesch Ordonnancen, déi e wesentleche Bestanddeel vun der Wäertekette duerstellt, déi de Prescriptiounstool mat der Apdiktesoftware duerch effizient Kommunikatiounskanäl verbënnt, ass. Hien huet och iwwer d'Iddi vun engem DSP vun der nächster Generatioun geschwat, dee, wann en an engem europäesche Kader agebonne wier, all concernéierte Gesondheetsberuffler  e séieren a vereinfachten Zougank  erméigleche géif.

Liest de ganzen Artikel hei. (op letzebuergesch)

Klickt hei fir weider Informatiounen iwwer den DSP.